Utopolis
Max Minsky und ich ass eng Adaptatioun vum Kannerbuch Prince William, Maximilian Minsky und ich vum Holly-Jane Rahlens. Et ass also e Kannerfilm an deem e Meedche Basketball spille léiert fir bei der Europameeschterschaft u säi Schwarm de lëtzebuergesche Prënz (<- check dat) Edouard (ech kann net anescht: LOL) kennen ze léiren. Als Tausch dofir, dass heen hatt am Basket trainéiert, hëlleft d’Meedchen dem Max Minsky bei den Hausaufgaben. Immens, wann ech doheem wier géif ech e kucke gon.
E weidere Kannerfilm ass Sommer mam Jimi Blue Ochsenknecht. Kitschege Film iwwert e 15jähregen, deen op eng Nordséiinsel kënnt an sech do an e Meedche verléift, wat e Frënd huet.
Street Kings ass Action mam Keanu Reeves (meh) iwwert en Flic, dee sech géint séng Zunft riichte muss, nodeem en iergendeppes iwwert e Kolleg rausfënnt. Vu dass et na ni e Film mat engem eenlechen Thema gouf, roden ech iech un, de Film kucken ze goen. </sarcasm>
A lo zu ménge Lieblinge vun der Woch. Made of Honor an What happens in Vegas….


(klickt op d'Biller fir ze vergréisseren)
Kuckt iech déi Pousteren un. De Patrick Dempsey kuckt sou blöd an deem gephotoshoppede Bild dran, dass e wierklech all McDreamy Impressioun aus Grey’s Anatomy toppt. A firwat ass dem Michelle Monaghan säi Kapp hallef ofgeschnidden? Wat wëllen se eis domadder soen? War vläicht net genug Plaz um Pouster fir äer Iddi duerchzesetzen? Läit dat vläicht drun well se bescheuert ass?
An zum Cameron Diaz/Ashton Kutcher Pouster bräuch ee jo wierklech näicht méi ze soen. Einfa nëmme lieblos. E Filmpouster soll en Ureiz un dat watde Film erzielt riwwerbréngen. An um Ufank hunn ech geduet, wat wëll dat Pouster mer soen? Mee lo mierken ech réicht, dass et am Fong all Grond firwat een de Film (net) soll kucke gon, scho beinhalt.

Nuff said.
Utopia
Am Utopia leeft mat Rettet Trigger! e weidere Kannerfilm un. Et ass en norwegesche Film iwwert e Meedchen an e Päerd, wat wéi ech unhuelen Trigger heescht an virun iergendeppes gerett gi muss, wéi dat meeschtens de Fall ass, wa Meedercher an Déiren a Filmer openeen treffen.
Soss gëtt natierlech och rem de franséische Kino gepusht mat Le premier cri, engem Documentaire iwwert Geburt vu Kanner. A schlussendlech leeft nach J’ai toujours rêvé d’être un gangster, deen net d’Fortsetzung vum Geneviève Mersch séngem J’ai toujours voulu être une sainte, mee eng Comédie iwwer véier Gangsteren, déi rausfannen, dass se vläicht de falsche Beruffszweig gewielt hunn. Et kléngt ménger Meenung no sou, wéi wann dat dat Bescht wier, wat mer dës Woch kréien.
Cinémathèque
An der Cinémathèque lafen dës Woch weiderhin em puer Coen (Intolerable Cruelty, Adam’s Rib) a Cassavetes (Husbands, Too Late Blues) Filmer. Des Weideren geet och d’Rei mat 68er Filmer weider, wou natierlech dem Godard säi Meeschterwierk Weekend, wat néchsten Donneschdeg um halwer 9 leeft, d’Highlight vun der Woch sinn dierft. Aner Tipps sinn zwee Filmer an Erënnerung un de kierzlech verstuerwenen Anthony Minghella The Talented Mr. Ripley (09/05; 20:30) an Truly, Madly, Deeply (10/05; 20:00). A fir all d’Frënn vum Wes Anderson kann ech dann o nach annoncéiren, dass säi Klassiker Rushmore e Sonndeg den Owend um halwer 9 wäert lafen.